Digital Offer gëtt ausgebautApple Pay vun elo u fir Raiffeisen-Clienten disponibel

Jeff Birsens
Kuerz virun hirem 100. Jubiläum huet d'Raiffeisen-Bank en Dënschdeg annoncéiert, datt déi digital Offeren ausgebaut ginn.
© Raiffeisen

Déi wuel gréissten Ännerung gëtt et fir d’Clientë mat der Aféierung vun Apple Pay, mat deem Apple-Notzer mat hirem Handy vum 9. Dezember un a Butteker bezuele kënnen. Donieft soll et och en neien Internetsite an en neien Design am Online-Banking R-Net ginn. Wéi et am Communiqué heescht, géif een trotz den Erweiderungen am digitale Beräich gläichzäiteg weider op lokal Agencë setzen, fir “no um Client” ze bleiwen.

RAIFFEISEN_Offre digitale_09.12.2025.pdf

© Raiffeisen

Back to Top
CIM LOGO