Insgesamt dräi BlesséierterAsätz zu Bouneweg an um Lampertsbierg

Pierre Weimerskirch
De CGDIS war um Méindegowend zwee mol op Asätz an d'Stad geruff ginn. Zu Bouneweg huet eng Mikrowell gebrannt. An an der Avenue du bois um Lampertsbierg hat en Appartement gebrannt, dräi Persoune goufen dobäi blesséiert.
CGDIS rue du bois 6.4.2026
De Samu vun Esch ass op d’Plaz geruff ginn.
© Mobile reporter

Géint 22:59 Auer koum et zu engem méi groussen Asaz um Lampertsbierg, an der Avenue du Bois. De CIS Lëtzebuerg, de CIS Hesper an de CIS Mamer waren am Asaz, well en Appartement gebrannt huet. Zwou Ambulanzen aus der Stad Lëtzebuerg an de SAMU vun Esch waren do. Am Bulletin vum CGDIS geet rieds vun dräi Blesséierten.

Asaz zu Bouneweg wéinst Mikrowell déi gebrannt huet, Trakter zu Welschent a Flamen

Géint 22:05 Auer goufen d’Rettungsdéngschter op Bouneweg op den “Dernier Sol“, geruff. Am Asaz war de CIS Lëtzebuerg, weider Detailer zum Asaz sinn net bekannt.

Dann haten d’Rettungsekippe vum CGDIS och nach en Dënschdeg am Nomëtteg eppes ze dinn: Kuerz viru 16 Auer waren zwee Autoen op der Route de Machtum zu Gréiwemaacher net laanschtenee komm, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. D’Secouriste vu Mäertert a Gréiwemaacher waren am Asaz.

En Asaz fir d’Rettungeskippe vu Buurschent, Feelen an der Nordstad gouf et dann nach um 16.43 Auer um Kiirchewee zu Welschent, hei hat en Trakter gebrannt. Blesséierter gouf et keng.

Back to Top
CIM LOGO