
Déi asiatesch Runn ass eng Plo a gëllt als eng vun de wichtegsten Ursaache fir d’Perte vun der weltwäiter Biodiversitéit, wëll d’invasiv Aart geziilt d’Hunnegbeien attackéiert. De Schued ass grouss an d’Lëtzebuerger Imker leiden immens ënnert de markanten Déieren, déi net mat Harespelen oder Hunnegbeien ze verwiessele sinn. Esou goufen eleng zejoert bal 20 Prozent vun de Beiepopulatiounen hei am Land duerch d’asiatesch Runn zerstéiert, dat sinn der eng ronn 200.
Dat preziséieren d’Ministeren Hansen a Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Parteikolleegin Octavie Modert iwwert d’schiedlech Effekter vun der “vespa velutina”.
Mä d’Naturverwaltung ass natierlech net inaktiv an der Lutte géint d’asiatesch Runn: Esou goufen zejoert 215 Näschter vun der asiatescher Runn zerstéiert - zanter 2020, wéi d’Déier fir d’éischt zu Lëtzebuerg gesi gouf, sinn et der knapp 400.
D’ANF intervenéiert awer just bei Näschter, déi am ëffentleche Raum sinn. Privatleit musse sech selwer drëms këmmeren, datt sou Näschter ewechgemaach ginn. Eng Obligatioun fir dëst Neutraliséieren ze mellen, gëtt et aktuell net.
Och Entschiedegunge fir Imker, déi hire Beiepopulatiounen duerch déi invasiv Runn verléieren, gëtt et keng. Dat gëllt och fir d’Schied duerch d’Varroa-Milb, déi och net rembourséiert ginn.
Weider Artikelen zum Theema: