
Den André Harpes, Affekot a Fils vum Aloyse Harpes huet um Mëttwoch seng Plaidoirie gehalen. Direkt am Ufank huet och hie, wéi den Dag virdru schonn de Maître Georges Pierret drop higewisen, wéi de Bommeleeër-Prozess 2013/14 ofgelaf wier. An dësem sollen hir Mandanten nieft 4 weidere Persoune Falschaussoe gemaach hunn.
«Do steet e Mann vu 85 Joer, fir seng Äntwerten ze ginn an da spréngt de Parquet esou mat him ëm», betount den André Harpes. Hien geet dovun aus, dass et eng Zort Calcul vum Parquet war. «E mécht d’Leit un a seet Hurra, lo hunn ech se ënnert dem Serment an da kann ech drafueren. All droit de silence ass einfach bafouéiert ginn. Sou eppes hunn ech nach ni erlieft, wéi deemools an der Sëtzung», ënnersträicht den Affekot.
Hien geet dovunner aus, dass de Parquet och no den 177 Prozessdeeg 2013/14 net weiderkomm ass. En hätt do gestanen, wéi en Ochs virum Bierg. Op Käschte vun den aktuellen Accuséeën hätt hie sech eng Sortie de Secours geschafen. Ma wat dono bei de weideren Enquêten erauskomm wier, hätt kee frou gemaach. Lo géingen hei héich dekoréiert Offizéier reprochéiert kréien, eppes mat der Bommeleeër-Affär ze dinn ze hunn. «Mee de Geiben bleift dobaussen», seet den André Harpes. 2 Joer Prisong huet de Parquet fir de 97 Joer alen Aloyse Harpes gefrot.
Dass den Aloyse Harpes als fréiere Gendarmeriekommandant sech net kéint un alles erënneren, léich engersäits un der laanger Zäit, déi zanter den Attentater vergaangen ass. Mee och am Kontext vun deem wat deemools geschitt wier. D’Bommeleeër-Affär wier net den éischte Gedanke vun deene Gendaarme gewiescht, wou se Moies op de Büro gaange sinn.
Doriwwer eraus huet den Affekot och d’Procureure kritiséiert. Dass si sot, ouni den Aloyse Harpes wier näischt gaangen. “100 Leit, an et war just een. Eng one man show”, freet säi Jong. Vun der nationaler Observatioun Ben Geiben hätt den Aloyse Harpes gesot, näischt gewosst ze hunn a lo krit hie gesot, eppes gewosst ze hunn. «Hei fält d’Kaartenhaus zesummen. D’Behaaptung ass, dass den Harpes deen eenzege Gendaarme op der ganzer Welt ass», betount säin Affekot. D’Enquêteuren an de Parquet géingen iergendeppes konstruéieren, well se näischt hätten. Mee wat hätt dat mam Bommeleeër ze dinn? Wat mam Prozess Scheer/Wilmes? Näischt. Fir ze wësse wéi eng Intentioun een den Ugeklote géing ënnerstellen, misst een emol wëssen, wat dem Parquet seng Wourecht wier.
Guillaume Büchler verdeedegt sech selwer
Een, dee sech näischt ze reprochéieren huet, bräicht jo och keen Affekot, huet de fréiere Sûreté-Beamte Guillaume Büchler um éischte Prozessdag gemengt. De Parquet hat 18 Méint Prisong wéinst de Falschaussoe gefrot, déi him reprochéiert ginn. «18 Méint ouni Sursis, ass dat d’Quittung fir 18 Joer tadellosen Déngscht als Gendaarme fir d’Police an d’Justiz», freet de Guillaume Büchler. D’Decisioun vun de Riichter géing doriwwer entscheeden, wéi hie säi Liewensowend kéint verbréngen, sou de Mann vu 76 Joer. Och hie freet, ob seng Aussoen iergendwéi Auswierkungen op de Bommeleeër-Prozess vun 2013/14 gehat hätten. A beäntwert dat mat Nee. Hien hätt weder fir, nach géint si ausgesot.
Hien huet nach eng kéier rappeléiert, dass anescht wéi behaapt gëtt, hien dem Ben Geiben deemools net zu Bréissel begéint wier. An och de Ben Geiben hätt a sengen Aussoen un esou enger Renconter gezweiwelt.
Hien huet d’Riichter gebieden, déi Laascht, déi wéi en Damoklesschwäert iwwer him schwieft, vu senger Schëller ze huelen, an hie fräizespriechen. An den Detail kéint hien elo net weider goen, well hie jo keen Dossier huet.