Wie soll Prisonéiertransport assuréieren?Associatioun "eran, eraus... an elo?" erënnert Regierung un hiert Verspriechen

RTL Lëtzebuerg
Dobäi erënnert d'Associatioun un dat, wat d'Regierungsparteien am Koalitiounsaccord festgehalen hunn.
© Céline Spithoven

D‘Associatioun “eran, eraus … en elo?” weist sech besuergt iwwert déi rezent Diskussioune ronderëm den Transport vu Prisonéier an doriwwer, wien dëse soll assuréieren.

Si erënneren dorun, datt d‘Regierung am Koalitiounsaccord festgehalen hat, datt d‘Giischtercher deen Transport sollen iwwerhuelen a fuerderen, datt d‘Regierung dat Verspriechen och ëmsetzt. Donieft sollt d‘Regierung méi mat de verschiddene concernéierten Acteure schwätzen an net einfach iwwert hir Käpp ewech Decisiounen huelen.

RTL-News: Gefor fir Poliziste bei Prisonéier-Transporter: SNPGL kritiséiert parlamentaresch Äntwert vu Ministere Gloden a Margue
RTL-News: Transport vu Prisonéier anescht organiséieren? Policebeamte fir aner Missioune mobiliséieren, esou zoustänneg Ministèren

Back to Top
CIM LOGO