
Den zoustännege Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses huet dës Recommandatioun an hirem Avis ginn. Dat krut RTL vun der Santé confirméiert.
An d’Regierung wäert deem och héchstwarscheinlech nokommen.
E Freideg géif am Regierungsrot awer nach gekuckt ginn, wéi een Impakt dat op déi verschidde Phase vun der nationaler Impfstrategie huet.
