En Donneschdeg de Moie si géint 7:30 Auer op der Héicht vun der Nationalbibliothéik a Richtung Rout Bréck zwee Gefierer accidentéiert, een Auto ass dobäi an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert, sou de CGDIS a sengem Bulletin. Duerch den Accident war eng Spuer blockéiert an et hat gestaut.
En Donneschdeg de Moie gouf et dann nach géint 7:00 Auer en Accident um CR132 zu Krautem an Direktioun Peppeng. Hei war een Auto an de Gruef gaangen. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Zwee Autoe waren um 7:26 Auer um CR103 vu Koplescht an Direktioun Kielen an en Accident verwéckelt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
An da gouf et nach géint 8:30 Auer een Accident tëscht zwee Gefierer op der A3 an Direktioun Lëtzebuerg. Ze notéieren ass hei ee Blesséierten.