
Kuerz no 12 Auer e Méindeg hat et op der RN22 tëscht Ell a Réiden tëscht zwee Autoe geknuppt. Zwee Leit goufen dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Réiden versuergt.
Op der A13 a Richtung Schengen huet sech iwwerdeem géint 16.25 Auer en Auto iwwerschloen. Hei huet de Samu aus der Stad sech ëm de Blesséierte gekëmmert. Donieft waren d’Ambulanciere vun Esch, souwéi déi Escher Pompjeeën an d’Pompjeeë vu Schëffleng am Asaz.