Tëscht Iermsdref a MiedernachAutomobilist huet no Accident mussen aus dem Auto geschnidde ginn

Andy Brücker
En Dënschdeg de Moien huet um CR358 en Automobilist d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass bäigaangen.

Éischten Informatiounen no koum et géint 6.50 Auer op der Streck tëscht Iermsdref a Miedernach zu engem Accident, bei deem en Automobilist an enger rietser Kéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, an de Gruef geroden ass an do eng Bëtongsdall erwëscht huet. Den Auto gouf bei deem Accident uerg beschiedegt.
Fir de Chauffer aus sengem Auto ze kréien, huet den Auto mussen opgeschnidde ginn. De Samu war op d’Plaz geruff ginn an de Chauffer gouf an d’Spidol bruecht.

Accident tëscht Iermsdref a Miedernach - 1 Blesséierten
En Dënschdeg de Moien ass en Automobilist mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm a krut eng Bëtongsdall ze paken. En huet aus dem Auto musse geschnidde ginn.

Back to Top
CIM LOGO