
E Sonndeg géint 20.45 Auer gouf en Automobilist zu Iechternach gemellt, deen eventuell gedronk hätt. Eng Policepatrull konnt de Chauffer kuerz drop stoppen an en Alkoholtest maachen. Deen ass positiv ausgefall an de Fürerschäi gouf agezunn.
An der Nuecht op e Méindeg, géint Hallefnuecht, gouf e Gefier gemellt, dat am ZickZack op der A6 ënnerwee wier. Heibäi krut en e Schëlt an e puer Schanterchersluuchten ze paken. De Chauffer konnt kuerz duerno op der Héicht vun Wandhaff gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.