De Staatsrot krut alt schonn emol virgehäit, net séier genuch ze schaffen an dofir hat hire President de Marc Thewes d’lescht Joer Moossnamen annoncéiert, fir datt d’Aarbecht vum Staatsrot méi effikass gëtt. Zwielef Méint méi spéit huet et en Dënschdegowend op der Neijoerschreceptioun geheescht “Mission accomplie”. De President vun der héijer Kierperschaft huet sech driwwer gefreet, datt déi Moossname gewierkt hätten. An Zuele bedeit dat, datt de Staatsrot 416 Avise geschriwwen huet. Ongeféier d’Hallschent wier a manner ewéi zwee Méint fäerdeg gewiescht, 85 Prozent hätten a manner wéi engem hallwe Joer um Dësch geleeën.
Wann Avise méi laang géifen op sech waarde loossen, géif dat meeschtens guer net um Conseil d’État leien. Entweder et géif nach op Amendementer gewaart ginn oder d’Komplexitéit vun den Dossiere wier Schold, seet de Marc Thewes:
“Zum Beispill betrëfft dat d’Texter, déi versichen Iddie matenaner ze conciliéieren, déi eigentlech ënnerenaner net conciliabel sinn. Ech ginn Iech e ganz kloert Beispill, och e ganz konkreet Beispill: Texter, déi versichen den Dateschutz ze conciliéiere mat dem Objektiv vun der Économie des données oder vun der Intelligence artificielle. Dat geet net einfach op. An do siche mer no working solutions.”
Als weidert Beispill nennt de President vum Staatsrot d’Conciliatioun vum Ëmweltschutz mam Zil, méi Wunnengen ze bauen. Dobäi kéim, datt d’Institutioun mat Projete confrontéiert wier, déi, wéi de Marc Thewes seet, net ëmmer ganz ausgeräift wieren. En Text, dee schlecht virbereet wier, géif net just dozou féieren, datt et méi laang dauert, bis en aviséiert gëtt, mä e géif och nach d’Aarbecht vun der parlamentarescher Kommissioun a vum Rapporter blockéieren an duerch en Domino-Effekt géif de Staatsrot mat senger ganzer Aarbecht méi lues viru kommen.
Et géif duerchaus virkommen, datt de Staatsrot Texter kréich, bei deene géif opfalen, datt se net vun enger Hand geschriwwe goufen:
“Si mussen och net vun enger Hand geschriwwe ginn. Mee et muss awer iergendeen hannenno vu Vir bis Hannen duerchliesen a sécherstellen, dass d’Terminologie duerch dee ganzen Text déi selwecht ass. Momentan mécht dat de Staatsrot zu 21. Schrecklechen Opwand fir eppes, wat Inhouse an de Ministèren och kéint gehandelt ginn.”
Den Ament hätt de Staatsrot eng 200 Dossieren un deene misst geschafft ginn. Dat wieren der däitlech méi ewéi d’lescht Joer, mä och hei hätt et näischt domadder ze dinn, datt déi héich Kierperschaft manner geschafft hätt, mä datt op anere Plaze méi geschafft gi wier.
“D’Erhéijung vun der Zuel vun neien Texter, dat sinn der ongeféier 100 méi, féiert net zu enger Augmentatioun vun eisem Arriéré ëm 100, mä ech soen elo nëmmen ëm eng Augmentatioun vun eisem Arriéré ëm 60 Dossieren. Dat bedeit, dass mer eis Aarbechtskadenz insgesamt erreecht hunn. A mir mussen natierlech an deem Rhythmus weiderfueren, fir dat ze halen an, très franchement, nach ze verbesseren.”
De President vum Staatsrot erënnert awer och drun, datt vill Leit aus deem héije Gremium wichteg Funktiounen an der Verwaltung oder an der Privatwirtschaft hätten an d’Aarbecht am Staatsrot eigentlech just en Niewenjob wier.