
Bont gedriwwen hat et e jonke Mann, dee virun engem Mount am Quartier vun Esch/Belval widder e Policeauto urinéiert hat, iwwerdeem d'Beamte wéinst enger Kläpperei am Asaz waren.
Nodeems de Mann seng Besoinen hannert sech hat, huet hien och un den Diere vum Déngschtwon geklenscht. Pech fir de Mann war, datt alles gefilmt gouf an de Video iwwer d'Ligne Bleue bei d'Police koum.
D'Persoun gouf identifizéiert a muss lo fir seng ongehuwwelt Dote bezuelen.
Wie sech nämlech am ëffentleche Raum erliichtert, ka mat engem Protokoll tëscht 25 an 250 Euro bestrooft ginn.
Fir e Versuch vu "vol simple", wann also probéiert gouf, fir eppes aus dem Policewon ze klauen, gëllt eng Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 3 Joer an eng Strof tëscht 251 an 3.000 Euro.
Et gëllt, sech dës Strofe virun Aen ze halen, éier een der Police wëll änlech Spiichte spillen.
Et ass den Inneminister Léon Gloden deen op den entspriechenden Tëschefall vu méindes, de 26. Oktober um Belval, vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen an enger parlamentaresch Fro ugeschwat gouf.