Scho fënnef Joer beroden déi gréisst Stied vum Land sech an der sougenannter CIPU. D'Stad Lëtzebuerg, Esch, Déifferdeng an Diddeleng. Den éischte Schäffe vun Déifferdeng Tom Ulveling erkläert:
"De Prinzip ass jo deen, dass Stied an der selwechter Gréisst, déi selwecht Problemer hunn, a versichen op verschiddene Pläng ze schaffen an dann deenen aneren dat matzedeelen. Zum Beispill: mir hunn et esou gemaach, an dat war de positiven Aspekt vun där Saach."
Reegelméissegen Austausch vun Erfarungswäerter, erschafftem Know-How, awer eeben och vun Donnéeën, am beschten digitaliséiert a gutt accessibel. Déi ginn ëmmer méi wichteg fir politeschen Decisiounen den néidege Fong ze ginn. De Maurice Bauer, éischte Schäffen an der Haaptstad:
"Wat mir méi staark a fest Donnéeën hunn, wat mir méi genee plange kënnen. Mir sinn amgaangen zum Beispill och digital twins ze maachen, wou mir da wierklech d'Stad eng Kéier informatesch opstellen, fir ze kucken, wa mir do lo schaffen, wat huet dat fir Inzidenzen op dësen, oder op en anere Volet. Mir kënne mat der KI vill besser rausfannen, wou där Hëtztinsele sinn. Ech mengen do gëtt d'KI eis och enorm vill Moyenen, Et ass eben un eis elo, fir déi dann och wierklech beschtméiglechst a méiglech effizient anzesetzen, fir en nohaltege Wuesstem vun enger Stad."
Sou huet Déifferdeng aus der CIPU zum Beispill scho matgeholl, wéi d‘Stad ka méi klima-resilient gemaach ginn. Spillplazen am Schied zum Beispill, oder dës Mesure:
"Déi eeler Leit, déi doheem eleng sinn, déi gi mir sichen a mir féiere si op eng Plaz, wou d'Klimaanlag un ass, wou si e bësse kënnen an engem gekillte Raum sech ophalen, wann et schlëmm ass", esou den Tom Ulveling. Am Géigenzuch kann Déifferdeng deenen anere Stied Energie-Tipps ginn, zum Beispill dass si mat LED-Luuchten zolidd Stroum spuere kënnen.
"Mir hunn 3.300 Luuchten, déi mir changéieren. Mir hunn der elo net grad 2.000 changéiert, a mir hu schonn elo erausfonnt, dass mir 30 Prozent manner Energie mat deene Luuchte brauchen, respektiv och doduerch dass mir se dimmen, kënne mir eisen Energieverbrauch nach erofsetzen. Mir hunn immens vill a Photovoltaik investéiert. Mir hunn als Stad d'Zil, eis Gebaier autark ze maache mat der Energie. An dat bréngt jo natierlech dann och mat sech, dass een éischter net méi ofhängeg ass vun engem Fournisseur."
An d'Stad Esch huet sech beschäftegt mat der Fro, wéi een Industrie och nach an Zukunft kann am urbane Raum integréieren, ouni de Verkéier ze krass ze belaaschten an der Liewensqualitéit ze schueden. Ee konkret Beispill ass den HE:AL Projet, de geplangten Innovatiouns- a Fuerschungscampus. Den Escher Buergermeeschter Christian Weis mat Explikatiounen:
"D‘Resultater, déi wäerte mer integréieren an eis verschidden Planungsmechanismen, déi mir hunn, PAG, Bautereglementer, PAP‘en, fir dann tatsächlech kënnen och op anere Plazen an der Stad Esch nach déi dat, wat erauskomm ass, z'integréieren. Soudass mir herno net bei nëmmen engem Beispill bleiwen, mee bei méi Beispiller an Esch, an hoffentlech och an deenen anere Gemengen."
De Minister vum Aménagement du territoire Claude Meisch kann deem nëmmen zoustëmmen. Dofir soll d'CIPU wuessen.
"Deen urbanistesch am spannendsten Projet ass sécherlech am Land, dee vun der Nordstad, wou puer Gemenge soe, mir wëlle wierklech en urbane Charakter hei schafen, mir wëllen eisen Awunnerinnen an Awunner awer och méi Perspektive bidden, aner Servicer kënnen bidden. Jo, an dat kënnen d'Stied. An dat gëtt eng Stad, déi sécherlech och hei soll matmaachen."
D'Stied Ettelbréck an Dikrech sinn heimat invitéiert, sech deem Austausch iwwer déi urban Politik unzeschléissen.