
E Sonndeg géint 20.20 Auer krut d’Police am Garer Quartier gemellt, dass eng Persoun en Handy aus hirer Posch geklaut krut. Am Kader vun der Enquête konnten zwee presuméiert Täter gestallt ginn. Si haten dann och de geklauten Handy dobäi, deen d’Besëtzerin zeréck kritt huet.
Iwwerdeems gouf et e Sonndeg den Owend och et en Iwwerfall an der Grand-Rue zu Waasserbëlleg. Zwee Männer hunn d’Affer ugeschwat a wollten d’Auerzäit wëssen. Si hunn du probéiert, dem Affer d’Auer vum Handgelenk ze rappen. D’Affer konnt sech awer befreien a flüchten, gouf dobäi awer liicht verwonnt. Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.