
Um 11.15 Auer waren op der RN06 tëschent Capellen a Mamer e Bus an eng Camionnette net laanschtenee komm, dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn.
Um 14.30 Auer dann en Accident op der RN34 tëschent dem Echangeur Helfent an der Industriezon Bourmicht: Eng Persoun ass hei ugestouss a blesséiert ginn. A béide Fäll waren d’Secouriste vu Mamer am Asaz, déi aus der Stad ware iwwerdeems och op der RN34 op der Plaz.