Eng Trennung ass ëmmer en Echec, seet d'Parteipresidentin Corinne Cahen an enger éischter Reaktioun op den annoncéierte Parteiaustrëtt vum Monica Semedo no der Mobbing-Sanktioun géint déi liberal Europadeputéiert. D'Monica Semedo huet bis ewell nach net matgedeelt, ob si och hiert Mandat am Europaparlament opgëtt oder net. Am RTL-Interview kritiséiert d'Parteipresidentin a liberal Ministesch virun allem och d'Europadeputéiert hätt hir Feeler net agesinn a wier sech der Tragweit vun hirem Handelen net bewosst.
Fir d'DP ass d'Saach kloer. Ouni Parteikaart huet een och kee Mandat ze gutt, dat ee fir seng Partei a Wale krut och wann engem dat juristesch zousteet, seet d'Corinne Cahen.
Ech mengen, datt dat och nëmmen normal wier, wann d'Demokratesch Partei dee Sëtz géif zréckkréien, well jo awer gestëmmt ginn, ass bei de leschte Walen datt d'Demokratesch Partei zwee Vertrieder am Europarlament soll vertruede sinn, fir eis liberal a sozial Valeuren do ze vertrieden, mä dat ass awer de Choix vun der Madame Semedo.
An hirem Facebook-Post e Méindeg den Owend kritiséiert d'Monica Semedo, si hätt d'Vertraue verluer an de Réckhalt hätt sech vun enger Woch op déi aner geännert, duerfir géif si austrieden. D'Parteipresident léisst dat net gëllen. Et hätt ee sech vill gesinn zanter datt d'Partei iwwert d'Faiten informéiert war. Ze Lescht nach e Méindeg am Bureau executif.
Wou si sech weider justifiéiert huet. Ech weess net, wéi ee Vertraue si hat a wéi eent se verluer huet. Do muss der si scho selwer froen. Ech kann dat net soen. Ech ka just soen, datt mer Stonnen, Stonnen a Stonnen zanter der Decisioun mat hir geschwat hunn an dat mer gesinn hunn, datt si net asiichteg wierklech ass. Do si jo awer dräi Leit, déi hir Aarbechtsplaz verluer huet, wéinst Harcèlement. Dat muss een awer mol nees eng Kéier soen. A mir condamnéieren Harcèlement wierklech. Dat däerf net sinn. An och net a virun allem net op der Aarbechtsplaz.
An enger éischter Reaktioun hat den DP-Generalsekretär Claude Lamberty virun enger décker Woch nach erkläert, datt den Dossier mat der Entschëllegung vum Monica Semedo fir d'Partei zou wier. D'Fro steet also am Raum, fir wat d'Parteigremien net schonn éischter chargéiert goufen, fir an dësem Dossier aktiv ze ginn.
Mir wollten an aller Rou an eise Gremie kucke mam Monica Semedo a virun allem, an dat ass jo awer dat Wichtegst, déi Decisioun vum Europaparlament a Rou ukucken. Wat heescht dat doten. A wat heescht dat doten zu de Valeuren, zum Grondsazprogramm vun der Demokratescher Partei.
Aussoe vum Corinne Cahen no, wier si no Chrëschtdag vum Monica Semedo via Sms oder Whatsapp driwwer informéiert ginn, datt de President vum Europaparlament am Januar géif eng Decisioun bekannt ginn. Si hätt deen Ament d'Envergure awer guer net gesinn. Och hätt si net gewosst fir wat d'Monica Semedo am Laf vum leschte Joer hir Mataarbechter ausgewiesselt huet. Nogefrot hätt si och net, sou d'Corinne Cahen. D'Mobbing-Faiten, wéinst deenen d'Monica Semedo, fir 15 Deeg am Europaparlament suspendéiert gouf an hir Indemnitéite gestrach krut ginn, op d'lescht Joer schonn zréck.
En Abléck an de Rapport, an deem Harcèlelementsreprochen zesummegedoe krut, och d'DP bis elo net.
Den Ament sëtzen am Europaparlament 27 Deputéiert, déi zu kenger Fraktioun gehéieren.
Dat huet d'Monica Semedo en Dënschdeg den Owend offiziell op Facebook annoncéiert. Si huet betount, datt si sech an de leschten Deeg gäre geäussert hätt, huet dat op Rot vun hirer Partei awer net gemaach an domat war si och averstanen.
An de leschten Deeg wier allerdéngs vill geschitt a si hätt hiert Vertraue verluer a well de Réckhalt sech vun enger Woch op déi aner geännert hätt, huet d'Monica Semedo decidéiert, schwéieren Häerzens aus der DP auszetrieden.
De Comité directeur vun der DP "soll an dierf" e Mëttwoch seng Decisioun huelen, esou d'Europadeputéiert. Weider huet si betount, datt si bereet wier, virun de Comité de sages ze trieden, wann et néideg wier.
D'Monica Semedo präziséiert net, wat si mat hirem Mandat als Europadeputéiert wëll maachen. Si ka jo och weider als onofhängeg Parlamentarierin schaffen oder sech enger anerer Fraktioun uschléissen. Op Facebook huet si just geschriwwen, datt si sech weider fir all déi wëll asetzen, déi hannert hier stinn.