Keng BlesséierterCGDIS mellt zwee Bränn an der Stad

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Bränn an der Stad Lëtzebuerg iwwer déi lescht puer Stonnen, blesséiert gouf awer keen.
© Laurent Weber

Kuerz virun 18:30 e Mlindeg gouf et e Vegetatiounsbrand an der Rue de Bonnevoie zu Izeg. D'Hesper an d'Stater Pompjeeë waren op der Plaz, blesséiert gouf keen.

En zweete Brand gouf et an der Nuecht um 3:30 Auer, dat an engem Keller an der Rue de Stavelot zu Weimeschkierch. Och hei waren d'Pompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg am Asaz, genee wéi d'Kolleege vu Steesel.

Back to Top
CIM LOGO