
D'Kommissioun fir d'Surveillance vum Finanzsecteur schreift an engem Communiqué, datt vill Finanz-Institutiounen zu Lëtzebuerg net gutt genuch opgestallt wiere fir eventuell Attacken ofzewieren. Et géifen net genuch Scanns gemaach ginn a Schutzmoossname géingen ze spéit geholl- respektiv net reegelméisseg adaptéiert ginn.
D'Entitéite kréie geroden, sech mat den entspriechende Sécherheets-Recommandatioune vertraut ze maachen.