RTLDäitschen Design-Award fir déi nei optesch Identitéit vun RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De Relooking vun RTL Télé Lëtzebuerg gouf dëst Joer scho mam renomméierte "Red Dot Award" belount.

De 26. Abrëll hat RTL Lëtzebuerg sech mat engem komplett neie Look virgestallt. Nieft dem neie Logo kruten och all d’Internet-Sitten, d’Radiostudioen an d’Tëlee en neie modernen Design.

De Rebranding vun RTL Lëtzebuerg an de Look vun der Tëlee, deen op Basis vun der Charte vun RTL United mat der franséischer Agence Gédéon entwéckelt gouf, krut elo mam German Design Awards in the Excellent Communications Design category zwou weider nei Auszeechnungen. Scho virdrun hat d’Agence deen international renomméierte Red Dot Award fir “Brands and Communication Design 2023” kritt.

Zwee Mol den “German Design Award”

D’Agence Gédéon krut direkt an zwou Kategorien dës Auszeechnung, datt eng Kéier ebe fir den neie Look vun RTL Luxembourg an der Kategorie “Brand Identity”. An eng zweete Kéier an der Kategorie “Event” fir “RTL AdAlliance Beach for the Cannes Lions 2022".

RTL-News: RTL Lëtzebuerg Internationalen Design-Award fir den neie Look vun der Tëlee
RTL-News: Nei Identitéit fir RTL-Medien - “Dat hei sinn déi lescht Meter vun engem Marathon”
RTL-News: RTL Lëtzebuerg huet een neie Look - Andréck vum Event e Mëttwochowend

Back to Top
CIM LOGO