Et ass eng ganz Ekipp, déi wärend Méint op dat Resultat higeschafft huet, esou de CEO vun RTL Lëtzebuerg. “Mir sinn immens frou iwwert dat Resultat an och immens frou, dat Resultat elo deelen ze kënnen.”
RTL ass ee Stéck vu Lëtzebuerg an et wäert een um Enn och virun allem déi dräi rout Faarwe behalen, esou de CEO vun RTL Lëtzebuerg. Un den Inhalter géif permanent geschafft ginn an et géifen och permanent nei Contenuen ugebuede ginn.
Iwwer Méint hunn d’Ekippen hannert de Kulissen ouni Paus dru geschafft, fir dass um groussen Dag och näischt schif leeft an och wierklech alles prett ass an am neie Look glänzt. De Loïc Juchem huet dëse Prozess déi ganzen Zäit iwwer begleet, bis bei déi leschte Preparatiounen. Kuckt hei de ganze Reportage.
RTL Lëtzebuerg: Neie Logo an neien Design op alle Plattformen
RTL-App nach net am neie Look? Esou maacht Dir den Update op Ärem Smartphone