RTL LëtzebuergInternationalen Design-Award fir den neie Look vun der Tëlee

RTL Lëtzebuerg
De Relooking vun RTL Télé Lëtzebuerg gouf mam renomméierte Red Dot Award fir "Brands and Communication Design" belount.

De 26. Abrëll hat RTL Lëtzebuerg sech mat engem komplett neie Look virgestallt. Nieft dem neie Logo kruten och och all d’Internet-Sitten, d’Radiostudioen an d’Tëlee en neie modernen Design.

De Rebranding an de Look vun der Tëlee, deen op Basis vun der Charte vun RTL United mat der franséischer Agence Gédéon entwéckelt gouf, krut elo eng speziell Auszeechnung, an zwar deen international renomméierte Red Dot Award fir “Brands and Communication Design 2023".

Deen Award steet fir eng héich Qualitéit vum Design a gëtt vun enger internationaler Jury vun Experte verdeelt.

Reveal Rebranding RTL
TL UNITED REVEAL

Back to Top
CIM LOGO