Lëtzebuerg bräicht eng grouss neutral Gewerkschaft. Mat OGBL an LCGB wär de Syndikalismus zu Lëtzebuerg politesch gefierft, esou de President vun der Aleba Roberto Mendolia.
Iwwer d’Hallschent vun de Salariéen zu Lëtzebuerg wäre politesch neutral an eben net an enger grousser vun den zwou grousse Gewerkschaften affiliéiert an déi wëll d’Aleba hannert sech rassembléieren.
Déi aktuell Gesetzer bremsen d’Bankegewerkschaft aktuell awer nach bei der Realisatioun vun hiren Ambitiounen. An der Chambre des Salariés brauch e Syndikat 20 Prozent vun de Stëmmen, fir als national Gewerkschaft consideréiert ze ginn. Eréischt vun deem Score u kéint d’Aleba zum Beispill op eng Tripartite invitéiert ginn. Dat fënnt den Aleba-President skandaléis. D’Politik gëtt opgefuerdert, dat Gesetz z’änneren.
De Roberto Mendiola huet iwwerdeems vun der “Aleba-Method” geschwat: Si wären déi eenzeg Gewerkschaft, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stelle géif, ganz fräi vu politeschem Afloss. Kritik vu Säite vum OGBL an LCGB géif een net fäerten, esou de President vun der Aleba, déi elo net méi just d‘Salariéen aus dem Finanzsecteur representéiere wëll.
Fir Membere bäizekréien, geet d’Aleba offensiv op Jonker ënner 30 Joer duer: Fir si ass d’Memberskaart fir näischt.
