
Dat wat geschitt wier, wier eng riseg Sauerei, sot d’Procureur d’état adjoint um Schluss vun hire Replicken op de Plädoyer vun den Affekoten. Sechs Ugeklote gi jo Falschaussoen am Bommeleeërprozess 2013/14 reprochéiert. “D’Wourecht ass der Justiz virenthale ginn”, huet d’Vertriederin vum Parquet betount. Egal, wat géing beim Prozess erauskommen, misst alles gemaach ginn, dass sech esou eppes net méi géing reproduzéieren.
De Parquet hätt probéiert, de Prozess op klenger Flam ze kachen, huet si am Ufank gesot. Domat huet si op de Reproche vu den Affekote reagéiert, dass de Requisitoire net prezis a kuerz gewiescht wier. Wat passéiert wier, wier traureg genuch a lo misst probéiert ginn, dat opzeschaffen. Déi ganz Enquête an Investigatioun, déi hätt deemools misse gemaach ginn, wier net gemaach ginn. “Et stellt ee fest, dass mer do sinn, wou den Här Reuland eis prophezeit huet: ‘Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss’”, zitéiert si e Saz, deen ee vun den Ugeklote wärend enger Befroung gesot hat. An do wier een elo. Um Punkt, dass all d’Leit, déi am Sall wieren, eppes géinge wëssen, mee et net géinge soen.
Wou si nach eng Kéier deels duergeluecht huet, wou si d’Falschaussoe vun den Ugeklote gesäit, stellt si op enger Plaz fest: “Do ass Schlitt gefuer gi mat der Justiz. Do sinn erwuesse Leit, déi sech als Schouljongen dohi gestallt hunn. Déi exemplaresch Karriäre bei der Gendarmerie gemaach hunn.” Och huet si nach eng Kéier de Fait opgeworf, dass déi aussiichtsräichst Spuer “Ben Geiben” vun haut op muer fale gelooss gi war. “Keen erkläert, wisou déi Pist net méi gutt war. Dat ass einfach net logesch. Eng Erklärung kréie mir einfach net”, betount si. Et géing och gemaach ginn, wéi wa schlampeg geschafft gi wier. Mee dat wär net de Fall gewiescht. Et hätt ee gewosst, dass den Untersuchungsriichter de Chef gewiescht wier, mee et gouf him net alles weiderginn.
No der Replicke vum Parquet, déi bal eng Stonn gedauert hunn, wollten och d’Affekoten nach eng Kéier reagéieren. De Maître Roland Assa huet betount, hie géing just Bommeleeër, Bommeleeër, Bommeleeër héieren. Dat géing wäit iwwert de Reproche vun der Falschausso erausgoen, dee Géigestand vun dësem Prozess ass. Och den Affekot Georges Pierret huet präziséiert, dass den Ordre public dee wier, deen e Schued hätt. Mee dat wier wéinst de Bommen, déi geluecht goufen, an domat hätten déi Ugekloten an dësem Prozess näischt ze dinn. De Parquet misst soen, wat déi Ugekloten da géinge méi wëssen, wat se net gesot hätten.
Anescht wéi erwaart, koum de Prozess dann e Méindeg net op en Enn a geet en Dënschdeg de Moie weider.