
“Dat ass e Skandal”, seet de Mënscherechtler Jean-Louis Zeien, dee sech zanter Jore fir e Liwwerkettegesetz engagéiert.
Eng Liwwerketten, wou d’Mënscherechter respektéiert ginn a keng Kanneraarbecht zum Beispill méi ass, dat ass u sech d’Zil. D’Virgabe sollen awer just nach fir grouss Entreprisë gëllen, wou méi wéi 5.000 Leit schaffen an déi e Joresëmsaz vun op d’mannst 1,5 Milliarden Euro maachen. An d’Reegele ginn nees ëm e weidert Joer no hanne geréckelt, op Juli 2029.
Fir de Jean-Louis Zeien, Coordinateur vun der Initiativ pour un devoir de vigilance, ass et e Skandal, datt elo nach weider véier Joer verluer ginn :
“Dat ass absolutten, absolutten Irrsinn, well d’Entreprisen hate laang genuch Zäit, fir sech hei dorobber ze preparéieren an d’Verhandlunge sinn elo wärend zwee Joer gelaf.”
Wéi déi Majoritéit am Europaparlament zustane komm ass, fir déi manner streng Reegelen, dat stéisst dem Jean-Louis Zeien mat am meeschte sauer op.
“Et ass bedauerlecherweis, an dat fannen ech ganz schlëmm, deen éischte groussen Dossier, wou eng Allianz tëschent der Europäescher Volkspartei an de rietsextreme Parteien duerchgesat ginn ass.”
D’Lobbyaarbecht hätten net nëmmen europäesch Entreprise gemaach, mä och amerikanescher.
“An dat ass u sech dee grousse Skandal, datt elo op eemol vu bausse vun Europa hei probéiert gëtt ze diktéiere respektiv ze beaflossen, wéi Politik hei soll gemaach ginn.”
De Jean-Louis Zeien bedauert och, datt Betriber an Zukunft net méi verflicht sinn, Handlungspläng fir Klimaziler auszeschaffen. Trotz allem wier awer d’Liwwerkettegesetz e Schratt no vir an der Responsabiliséierung vun den Entreprisen.