Karschnatz 2023D'Bauere si fréi un an net optimistesch

Christophe Hochard
Wéinst der extremer Dréchent dierft de Karschnatz dëst Joer éischter schlecht ausfalen, op alle Fall wat d'Quantitéit ugeet. De Präis dierft falen.
Karschnatz 2023: D'Bauere si fréi un an net optimistesch
Karschnatz 2023: Wéinst der extremer Dréchent dierft de Karschnatz dëst Joer éischter schlecht ausfalen, op alle Fall wat d’Quantitéit ugeet.

Eng ganz Partie Bauerebetriber hunn dëst Joer éischter mam Karschnatz ugefaangen. An dat huet kloer mat de Wiederkonditiounen ze dinn. Och d’Famill Beck aus dem Oste vum Land ass mëttlerweil zanter Enn Juni op de Felder aktiv. Dëst Joer misst ee mat manner Käre rechnen an och de Präis fir déi eenzel Zorte géif falen.

Karschnatz 2023: D'Bauere si fréi un an net optimistesch
Karschnatz 2023: Wéinst der extremer Dréchent dierft de Karschnatz dëst Joer éischter schlecht ausfalen, op alle Fall wat d’Quantitéit ugeet.

D’Geescht ass quasi ganz erageholl. Mam Weess sinn se am gaangen. Duerch déi extrem Dréchent ass de Buedem vun de Felder och haart a baschteg.

Back to Top
CIM LOGO