
Zu Bauschelt an an der Stauséigemeng wäerten d’Bierger nach virum Joer 2029 an engem Referendum doriwwer decidéieren, ob hier zwou Gemenge fusionéiere sollen oder net. Deen Zäitplang hunn d’Buergermeeschtere vu Bauschelt, de Jeff Gangler a vun der Stauséigemeng, de Marco Koeune, RTL vis-à-vis confirméiert.
Mëtt dës Joers haten déi zwee Gemengeréit majoritär gréng Luucht fir Sondéierungsgespréicher ginn, déi lo am November ugefaangen hunn. D’Schäfferéit ware schonn am Inneministère an an der “Cellule indépendante fusions communales” a gesi sech all dräi Wochen. Am Virfeld vum Referendum sollen och Workshops an Informatiounsowender organiséiert ginn. Sollt et zur Fusioun kommen, hätt déi nei Gemeng knapp 4.000 Awunner a wier mat déck 80 Quadratkilometer déi flächeméisseg drëttgréisste vum Land.
Och Wanseler war gefrot ginn, fir un de Sondéierungsgespréicher deelzehuelen, ma do hat een awer keen Interessi.