D’Leit géifen hir Suen éischter fir aner Saachen ausginn. Natierlech hätt och de Krich an der Ukrain a Kombinatioun mat der Energiekris an der Inflatioun en Impakt op d’Kafverhalen an der Gesellschaft. Mä dat eleng wier net de Grond, dass d’Biolandwirtschaft net richteg wäertgeschat géif, sou e Lëtzebuerger Biobauer “Wa sech näischt ännert, kënne mer net méi produzéieren a riskéieren, iergendwann net méi do ze sinn”
D’Regierung wier hei mat an der Responsabilitéit a misst hir Kommunikatioun betreffend d’Landwirtschaft adaptéieren. Fair oder regional a saisonal Produite géife beispillsweis vill méi promouvéiert ginn ewéi Bio. Dobäi hätt d’Biolandwirtschaft esouvill ze bidden. Et géif een net no zousätzleche Finanzéiereungshëllefe froen, mä einfach no méi Wäertschätzung. Wann een d’Leit net zum Ëmdenken géif kréien, da kéint d’Zil vun 100% Bio zu Lëtzebuerg bis 2050 bestëmmt net erreecht ginn.