
D’Zil: 112 Rettungsween an d’Ukrain ze schécken. Dräi Joer méi spéit ass d’Ambulanz Nummer 112 zu Lëtzebuerg fortgefuer. Dëst war ee symboleschen Depart fir d’Associatioun LUkraine.
2023 gouf d’Associatioun mam European Citizen’s Prize ausgezeechent. Ob Benevollen, déi d’Ambulanzen an d’Ukrain bruecht hunn, oder de Ministère, dee gepanzert Ambulanze finanzéiert huet. De President vun der Associatioun ass immens dankbar fir déi ganz Ënnerstëtzung. Och wann dat 112. Gefier zu Donetsk ukomm ass, heescht et awer nach laang net, dass d’Associatioun elo fäerdeg ass, sech fir d’Ukrain an hir Leit anzesetzen.
Am Kader vun der 112. Ambulanz huet d’Associatioun och profitéiert, fir den Donateuren, Ambassadeuren, Benevollen an hirer Ekipp, wärend enger Zeremonie Merci ze soen.