Background am Gespréich (19. September)D'Deputéiert aus der aussepolitescher Chamberkommissioun zéie Konklusiounen aus dem Summer

François Aulner
E Samschdeg sinn de Laurent Zeimet, de Gusty Graas, den Yves Cruchten, de Fred Keup an d'Sam Tanson eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Hëtztwellen, existentiell Ängscht mat der kënschtlecher Intelligenz, kaum Fortschrëtter bei den internationale Konflikter a bei de Bezéiunge mat den USA, eng Migratiounskris op Ceuta a fir de Summer politesch ofzeschléissen nach en historesche Walerfolleg vun der AfD a Sachsen-Anhalt. Fir d'Rentrée proposéiere mir am éischte Background vun der neier Saison eng Ronn fir Conclusiounen aus den Evenementer vum Summer ze zéien.

Invitéiert sinn Deputéiert aus der aussepolitescher Chamberkommissioun: de Laurent Zeimet (CSV), de Gusty Graas (DP), den Yves Cruchten (LSAP), de Fred Keup (ADR) an d’Sam Tanson (déi Gréng).

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO