Kleng freet GroussDe bëssen aneren Interview an der Chamber

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg war de Weltkannerdag. Op dësem Dag gëtt op d'Besoinen an op d'Rechter vun de Kanner opmierksam gemaach.
Kleng freet Grouss... Och an der Chamber
E Méindeg war de Weltkannerdag. Op dësem Dag gëtt op d’Besoinen an op d’Rechter vun de Kanner opmierksam gemaach.

An deem Kader organiséiert d’Unicef hei zu Lëtzebuerg ëmmer speziell Aktiounen, fir dësen Dag nach eemol méi ze ënnersträichen. An dësem Superwaljoer huet een de Kanner d’Méiglechkeet ginn, d’Deputéiert ze interviewen an hinnen déi Froen ze stellen, déi hinne besonnesch um Häerz leien.

D’Lana an de Philipp sinn zwee vun den am Ganze 16 Unicef Youth Ambassadors. Dat heescht, si engagéiere sech wärend engem oder zwee Schouljoer bei der Unicef, fir d’Stëmm vun deene Jonken zu Lëtzebuerg ze representéieren. Si hunn d’Deputéiert um Krautmaart ënner anerem zu de Sujete Kanneraarmut, mental Gesondheet a Klimawandel befrot. Ma och eng Partie perséinlech Froe goufen an den Interviewe gestallt.

D’Äntwerte vun den Deputéiert kënnt dir am Reportage kucken.

Back to Top
CIM LOGO