Noël de la Rue op der Stater GareDe Kleesche bréngt e grousst Dëppen Zopp an eng Invitatioun fir Chrëschtdag

Monique Kater
Dany Rasqué
Et ass Niklosdag, mee op der Stater Gare ass de Kleesche schonn e Freideg den Owend komm.

Noël de la Rue op der Stater Gare / Reportage: Dany Rasqué

Hien hat awer net just Mandarinnen a Schockela dobäi, mä virun allem eng waarm Geméiszopp an eng Invitatioun op dat grousst Chrëschtiessen de 25. Dezember.
D’ASBL “Noël de la Rue” kacht deen Dag an Tëschenzäit fir eng 400 Leit, mä verdeelt am Wanter awer och op verschiddenen Owender Zoppen an der Stad.
E Freideg war déi éischte Kéier fir dës Saison a well ëmmer méi Leit op der Strooss musse liewen oder soss Hëllef brauchen, huet net laang musse Reklamm gemaach ginn, fir d’Dëppen eidel ze kréien.

Déi Fräiwëlleg vun der ASBL hate Geméiszopp mat Nuddele fir 170 Leit dobäi a si ware sech vu vir era sécher, datt keng Bëtz gemaach ginn. D’Benevolle vun Noël de la Rue wëssen, datt d’Zuel vun de Leit, déi eng waarm Zopp brauch, vu Joer zu Joer an d’Luucht geet. Et si Mënsche vun iwwerall, déi Hëllef brauchen. D’Vizepresidentin Françoise Reuter:

“Dir héiert och wann der bësse mat de Leit schwätzt, datt och Leit aus dem noen Ausland kommen, well se bei sech am Land keen Doheem fannen, net opgehuewe sinn an da komme se op Lëtzebuerg. Mä ech sinn iwwerrascht wéi vill Lëtzebuergesch geschwat gëtt.”

Den Dennis gehéiert zu deene Leit, déi aus dem noen Ausland kommen. Hie kënnt aus Däitschland, mä do huet hien näischt méi gehalen. Hien hat gehofft, sech zu Lëtzebuerg en neit Liewen opzebauen.

“Ech hunn an Däitschland keng Zukunft méi fir mech gesinn a mäi Brudder ass virun e puer Joer gestuerwen, hie war mäi leschte Familljemember a wat soll ech nach eleng an Däitschland?”, esou den Dennis.

Hei am Land schéckt hien eng Demande no der anerer fir eng Aarbecht ze fannen, hien ass och nach ëmmer optimistesch, datt hien iergendwann eng positiv Äntwert kritt, mä hien huet keng Adress an dofir ass et méi komplizéiert. Mä och mat Aarbecht gehéiert d’Aarmut fir ëmmer méi Leit zum Alldag. Ob deen éischten Aktiounsplang géint d’Aarmut hëlleft, dat muss sech weisen, seet de Léon Kraus. Hien ass President vun Noël de la Rue. Hien hätt näischt dogéint, wann Organisatiounen, déi scho sou laang fräiwëlleg um Terrain aktiv sinn, och op déi eng oder aner Manéier, un esou engem Plang kéinte matschaffen.

“Et muss een natierlech d’Leit hunn an ech schéngen elo net méi esou eleng do ze stoen, wéi ech virun 20 - 30 Joer do stoung, mä et sinn eng ganz Partie Leit, déi sech fir d’Cause interesséieren an déi bereet wieren, do nach eng weider Hand mat un ze paken.”

Noël de la Rue ass awer net déi eenzeg ASBL, déi am Wanter an der Stad de Leit mat waarmer Zopp hëlleft an och am Summer déi eng an déi aner Aktivitéit organiséiert. De Léon Kraus géif sech wënschen, datt all dës Leit duerch eng Zort Plattform kéinte matenee vernetzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO