Et géing kee Konsens ginn tëscht de Koalitiounspartner. Virun allem déi kapitalfrëndlech Politik vun der DP géing dominéieren an nei Iddie blockéieren. Fir déi Lénk Fraktioun hätt de Mindestloun solle gehéicht ginn. Dat wier méi sënnvoll fir géint d’Präisdeierecht virzegoen, wéi mat der Strenz Suen u jiddereen ze verdeelen, wéi dat mam Tankrabatt de Fall ass. Fir d’Deputéiert Nathalie Oberweis a Myriam Cecchetti steet d’Theema Logement am Virdergrond. Et géing ee net just de Begrëff “Kris” benotzen, mee dat och esou gesinn. Deementspriechend misst een och handelen.
D’Regierung wier awer selwer net vum Problem betraff, dofir géing sech näischt doen, esou d’Nathalie Oberweis.
Beim Amortissement accéléré géing et e breede politesche Konsens ginn an der Chamber, dass dee misst reforméiert ginn. An awer géing näischt geschéien. Dat wieren Ännerungen, déi keng Sue kaschten, dowéinst misst d’Regierung eigentlech kee Grond hunn, fir dat net unzegoen. Dass d’Steierreform net ëmgesat gëtt mam Argument, dass grad keng Suen dofir do sinn, bedauert d’Partei. D’DP géing d’Regierung allgemeng blockéieren an alles maachen, fir d’Kompetitivitéit vun der Finanzplaz bäizebehalen. Ma och näischt maachen an de Status Quo bäibehale géing awer d’Ongerechtegkeete weider dreiwen.