Invité vun der Redaktioun (2. Februar) - Marc Spautz"De Luc Frieden muss elo e Cut maachen a muss do si fir d'Leit alleguer."

Carine Lemmer
De Luc Frieden gouf e Mëttwoch vun de Parteipresidenten als ideale Spëtzekandidat proposéiert. Argumenter fir hie wiere seng Kompetenzen an Experienzen.
Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Dat sot den CSV-Deputéierte Marc Spautz am RTL-Interview en Donneschdeg de Moien.

De Luc Frieden misst natierlech elo e Cut maache mat senger Zäit an der Wirtschaft a misst do si fir d’Leit alleguer. Sozial an ökologesch Politik misst eng grouss Prioritéit sinn.

Et géif elo drëms goen, Zesummenhalt ze weisen a geschlosse bei de Walen unzetrieden. D’Diskussioune géifen intern gefouert ginn, sot de Marc Spautz, deen och fënnef Joer laang CSV-President war. Elo géif et drëms goen, fir nom Kongress am Mäerz geschlossen hannert dem Luc Frieden ze stoen. Et wär och net nëmmen de Luc Frieden, mä en Dräieck: d’Partei, de Spëtzekandidat an déi 60 Kandidaten.

Och wann de Spëtzekandidat e fréieren CSV-Minister ass, wier de Renouveau an der Partei am Gaangen. Et hätt e vill Jonker, déi sech fir d’CSV engagéieren.

De Luc Frieden gouf e Mëttwoch vun de Parteipresidenten als ideale Spëtzekandidat proposéiert. Argumenter fir hie wiere seng Kompetenzen an Experienzen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO