
De Marc Wagener hält dann als Direkter vun der UEL op. Dat confirméiert de Patronatsdaachverband an engem Schreiwes. Mëtt Mee soll hie säi Mandat ofleeën an da bei d’Croix Rouge wiesselen, wou hien d’Successioun vum Michel Simonis als Direkter iwwerhëlt.
De Marc Wagener war zanter Mëtt Juni 2024 UEL-Direkter an ass aktuell och President vum Wirtschafts- a Sozialrot. Wie seng Successioun iwwerhëlt, soll an den nächste Woche gekläert ginn.