
Wéinst dem dréchene Wieder sinn d'Pegelstänn ferm zeréck gaangen. Speziell am Norde vum Land wier d’Situatioun sou lues kritesch. Vum Waasserwirtschaftsamt heescht et, et géif ee plazeweis u Rekordwäerter vun niddregem Waasser erukommen.
Dofir ass et bis op Weideres verbueden, Waasser aus de Flëss, Baachen a Weieren ze huelen. Donieft gëtt rappeléiert, den Ament spuersam mam Drénkwaasser ëm ze goen.