
Dës Etüd gouf an Optrag gi vum Educatiounsministère. Do liest een aus de Resultater, datt déi 6 ëffentlech europäesch Schoulen, déi an de leschte Joren opgemaach goufen, besser Chancë fir déi vill verschidde Schüler zu Lëtzebuerg bidden.
D’Etüd weist zum Beispill, datt d’Schüler aus dem europäesche System am Duerchschnëtt méi Kompetenzen an der Mathematik hunn, wéi déi aus dem Lëtzebuerger System. Dat Fach gouf hei geholl, fir kënnen ze vergläichen.
Donieft hätten d’Schüler aus den europäesche Schoulen e méi héijen sozio-ekonomesche Statut wéi d’Schüler am Lëtzebuerger System, a bei hinnen doheem géif virop Franséisch oder Englesch geschwat ginn. Aus der Perspektiv vun den Elteren ass d’Méiglechkeet d’Sproochesektioun ze wielen den Haaptgrond firwat si hir Kanner an eng europäesch Schoul schécken, esou d’Sonja Ugen, vum Lucet, dem Luxembourg Center for Educational Testing.
Da sinn d’Bildungsweeër vun de Schüler a Schülerinnen aus deenen zwee Systemer anescht, heescht et an der Etüd. Am europäesche System géif et manner schoulesche Retard.
Den Educatiounsminister Claude Meisch: “Manner Retarden an awer gläichzäiteg op där anerer Säit ouni souvill Klassen ze widderhuelen, wéi mir et jo an enger ganz héijer Zuel maachen, well et iergendwéi nach ëmmer zu eiser Traditioun zielt. Am europäesche System kann een awer mat manner Retarde besser Resultater erreechen. Och dat ass intressant a gëtt eis ze denken.”
Dës Etüd weist verschidde Pisten op, zum Beispill déi, fir d’Schüler anescht z’orientéieren.
D’Sonja Ugen vum Lucet: “Et kéint een zum Beispill versichen, déi Schüler a Schülerinnen, déi am ëffentleche System déi gréisste Problemer hunn, geziilt och an d’EPS Schoulen ze kréien, vu datt d’Schüler do éischter positiv Resultater opweisen. Dëst wieren zum Beispill Schüler mat méi engem niddregen sozio-ekonomesche Familljenhannergrond an/oder Schüler, déi doheem portugisesch schwätzen.”
Eng aner Recommandatioun vun der Uni Lëtzebuerg ass et verschidde Charakteristiken aus dem europäesche System am Lëtzebuergesche System z’iwwerhuelen, zum Beispill d’Alphabetisatioun op Franséisch.
Fir de Ressortminister ass op alle Fall kloer, datt den europäesche System muss ausgebaut ginn. Dorunner géif ee schaffen, well d’Demande wier den Ament méi grouss wéi d’Offer.