Wéinst IndexmanipulatiounDéi Lénk an den OGBL wëllen Zesummenaarbecht verstäerken

RTL Lëtzebuerg
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond an déi Lénk wëllen an Zukunft méi enk zesummeschaffen, dat deele béid um Donneschdeg an engem Communiqué mat.

D’lescht Woch war schonn eng gemeinsam Reunioun. Weder den OGBL, nach déi Lénk géifen eng Indexmanipulatioun zoulässeg fannen.

D’Desinformatioun iwwert den Index hätt sech an de leschte Méint verstäerkt. Den Index wier an den Ae vun der Gewerkschaft an der Oppositiounspartei ni en Element vun der Sozialpolitik gewiescht. Deem misst een entgéinttrieden.

Dofir wär eng vaste Allianz och mat der Zivilpopulatioun néideg, fannen OGBL an déi Lénk.

Traditionell hat den Onofhängege Gewerkschaftsbond jo seng beschte politesch Relatioun mat der LSAP. Zanter der leschter Tripartite sinn d’Relatiounen zu de Sozialisten ugespaant.

De Communiqué vum OGBL an

Back to Top
CIM LOGO