
Dat wichtegst Gesetz vum Joer kann also elo an der Chamber debattéiert a gestëmmt ginn.
De Maurice Bauer hätt sech mat sengem Rapport ganz vill Méi ginn, sot den CSV Fraktiounschef Laurent Zeimet:
“De Maurice Bauer ass jo mäi Bänknoper an der Chamber. Ech hu gesi, wéi en iwwert déi lescht Méint wierklech sech ganz intensiv mam Budget auserneegesat huet, e war ganz vill ënnerwee, en huet ganz vill Associatiounen a Leit begéint, fir den Accent eeben ze setzen op dat Soziaalt am Budget. Dat huet hien och ganz interessant erausgeschafft. Ouni him elo scho wëllen d’Show ze klauen, mengen ech, kann ee wierklech drop waarden, datt en dee Rapport elo an der Chamber mëndlech virdréit.”
Dëst geschitt dann en Dënschdeg de Mëtteg.