
En Automobilist hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an d’Leitplank gerannt, wouropshin e sech iwwerschloen huet. De 44 Joer ale Mann aus Däitschland ass nach op der Plaz verstuerwen. De Bäifuerer gouf schwéier verwonnt.
D’Autobunn huet vu 17 Auer un a Richtung Tréier tëscht dem Potaschbierg a Mäertert musse fir den Trafic gespaart ginn, fir dass de Miess- an Erkennungsdéngscht seng Aarbecht konnt maachen. Eng Deviatioun ass via d’Sortie Potaschbierg ageriicht ginn, duerch Gréiwemaacher an dann nees zu Mäertert op d’A1.
Nieft dem Stater SAMU waren och Ambulanze vu Jonglënster a Gréiwemaacher-Mäertert op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Maacher a Manternach.