Och an ZukunftDen digitale Klassesall ass komm fir ze bleiwen

Pierre Weimerskirch
De Klassesall wäert och an Zukunft digital bleiwen. Där Meenung ass de Luc Weis, Direkter vum Script.
Den digitale Klassesall ass komm fir ze bleiwen
De Klassesall wäert och an Zukunft digital bleiwen. Där Meenung ass de Luc Weis, Direkter vum Script.

Zanter engem Joer ka Schoul net méi normal gehale ginn. D'Pandemie huet d'Digitaliséierung op ville Plazen onëmgänglech gemaach. An de Schoule goufe vill Prozesser beschleunegt a quasi vun engem Dag op deen aneren ëmgesat.

Eidel Klassesäll, eppes wat een eigentlech nëmmen aus de Schoulvakanze kennt. Zanter engem Joer sinn dës Biller awer och Symbol fir déi Kris an der mer zanter Méint ënnerwee sinn.

Vun engem Dag op deen anere sinn de 16. Mäerz d'lescht Joer d'Schoulen zougaangen, genee esou séier ass den Homeschooling agefouert ginn.

De Script koordinéiert déi pedagogesch an technologesch Recherche an Innovatioun an der Educatioun. D'Zil vum Educatiounsminister wier et an der ganzer Kris gewiescht, d'Kanner esou laang et geet an der Schoul ze halen, well do d'Léieren am effikasste wier. Eng Rei digital Plattforme goufen etabléiert, virop gouf mat Teams vu Microsoft geschafft, esou den Direkter vum Script Luc Weis.

Grouss Tech-Entreprise sinn dovun ausgaangen, datt d’Digitaliséierung zwee Joer géif daueren, duerch d'Lockdowns uechtert Welt huet een et an zwee Méint gepackt, esou de Candi Carrera, Chef vu Microsoft Lëtzebuerg. Tech-Entreprise gehéieren zu de grousse Gewënner vun der Kris. Bestoend Plattforme konnte séier ugepasst ginn.

Back to Top
CIM LOGO