PayconiqDen digitale Portmonni "Wero" kënnt d'nächst Joer op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Mat Wero soll een, anescht wéi mam Payconiq-System bis elo, uechter Europa bezuele kënnen.
© RTL-Archiv

Wéi et vu Payconiq heescht, soll de Portfolio vun hire Lëtzebuerger Clienten Ufank vum nächste Joer u Buckaroo iwwerdroe ginn. Soubal d’Wero-App zu Lëtzebuerg a Betrib geet - viraussiichtlech Mëtt 2026 - kënnen d’Clientë vu Buckaroo dann och dovunner profitéieren. D’Aféierung vu Wero zu Lëtzebuerg gëtt am Kader vun enger strateegescher Partnerschaft tëscht Buckaroo, Payconiq International an der European Payments Initiative (EPI) méiglech.

Mat Wero kënnen d’Clienten, déi haut Payconiq benotzen, Direkt-Iwwerweisungen uechter Europa maachen a sinn net méi op e puer Länner begrenzt. Gläichzäiteg soll awer och een héije Sécherheetsniveau bäibehale ginn, heescht et am Communiqué vu Payconic.

Zu Lëtzebuerg kann ee Payconiq - fréier Digicash - den Ament als Client vun der Spuerkeess, vun der Post, vun der BIL, vun der BGL a vun der Raiffeisen benotzen.

Back to Top
CIM LOGO