Ëm déi 2.000 Visiteuren den Dag"Den Tourismus an der Haaptstad boomt"

Diana Hoffmann
Dat seet d’Antje Voss, d'Direktesch vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO).
Ëm déi 2.000 Visiteuren den Dag: "Den Tourismus an der Haaptstad boomt"
Dat seet d’Antje Voss, d’Direktesch vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO).

Tourismus an der Haaptstad / Reportage Diana Hoffmann

D’Dier vum Touristebüro um Knuedler geet permanent op an zou. “Hello, Moien, Bonjour, Hallo....”, empfänken d’Leit hannert dem Guichet d’Touristen oder och d’Lëtzebuerger, déi Froen hunn. “Déi meescht, déi kommen, wëlle gären e Stadplang”, seet de Ralph Pletsch, deen zanter 2019 fir den LCTO schafft. Déi eng sinn domadder zefridden, anerer wëllen awer weider Informatiounen doriwwer, wat si kënnen entdecken. Och vill Lëtzebuerger passéieren um Büro um Knuedler. Dacks wëlle si e Spadséiergang duerch d’Stad maachen. Da recommandéiert de Ralph Pletsch hinnen de Wenzel- oder de Vaubanstour, oder weist si op déi vill Autopedestre Spadséierweeër hin, déi et am Land ginn.

Highlight fir d’Touriste wiere besonnesch d’Visitten am groussherzogleche Palais, seet d’Direktesch vum LCTO, d’Antje Voss. Dës si bis zu 7 mol den Dag, mee wiere reegelméisseg komplett ausgebucht. D’Leit wiere besonnesch interesséiert um Liewe vun der groussherzoglecher Famill. Awer och d’Kasematten, souwuel déi ënnert dem Bockfiels, wéi och déi ënnert der gëlle Fra, sinn nees e Magnéit fir Visiteuren aus dem In- an Ausland. “D’Péitrusskasematte si méi schmuel Tunnellen, méi zoue wéi d’Bockkasematten. Et geet een duerch de ganze Fiels bis erof an de Péitrussdall”, verbildlecht d’Tanja Bollendorf vum LCTO d’Erliefnis.

Nieft de bekannte Sehenswierdegkeeten, déi ee kann an der Stad besichen, gi vum LCTO awer och verschidden Tier duerch d’Stad ugebueden. De Klassiker wier hei d’City Promenade, sou d’Tanja Bollendorf. An der Vakanzenzäit géingen awer och zum Beispill Toure fir Famillje mat Kanner ugebuede ginn, en Tour op déi schéinsten Aussiichtspunkte vun der Stad oder eng Unesco Tour. Doriwwer eraus bidden awer och Guidë ganz ënnerschiddlech Touren duerch d’Haaptstad un.

Déi meescht Visiteuren aus dem Ausland kommen am Summer aus Däitschland. Mee och aus Frankräich, Holland, Spuenien a Portugal. Grouss Gruppen aus Asien, oder den USA géingen zwar och ëmmer nach kommen, mee den Ament manner, seet d’Antje Voss. Anescht wéi ee kéint mengen, huet dat schlecht Wieder an de leschte Wochen, dann d’Touristen net vun hirer Visitt an der Haaptstad ofgehalen, sou de Constat an der Tourismusbranche.

Wien d’Stad wëll besser, oder villäicht och emol aus engem neie Bléckwénkel kënne léieren, dee ka sech op www.lcto.lu informéieren oder einfach emol am Touristebüro an der Stad um Knuedler laanscht goen.

Back to Top
CIM LOGO