Ëmweltminister Serge Wilmes"Den Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg muss engem Suerge maachen"

Claudia Kollwelter
Ënnert anerem wieren eis Bëscher a Beem an engem defavorabelen Zoustand, sou de Constat e Freideg.
© Ken Fitzke / RTL

“Den Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg mécht engem Suergen, a muss engem och Suerge maachen!” Dat huet den Ëmweltminister Serge Wilmes e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz betount. Ulass war d’Presentatioun vun enger neier Publikatioun, zesumme mam Statec, iwwert déi aktuell Situatioun am Grand-Duché.

Zoustand vun der Biodiversitéit - Reportage Claudia Kollwelter

An där Publikatioun fënnt een net forcement nei Donnéeën, mee et ass déi éischte Kéier, datt een all d’Chifferen zesummen an engem Dokument huet, mam Zil de Leit op einfach a verständlech Manéier ze weisen, wéi den Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ass. A wéi scho gesot, fält dee Bilan net grad positiv aus.

Biodiversitéitsverloscht op villen Niveauen

Zum Beispill eis Bëscher a Beem sinn an engem defavorabelen Zoustand. 1984 waren nach ronn 80% vun de Beem am Land ouni iergendwelleche Schued. 2023 goufen et just nach 15% vun de Beem déi net iergend en Zeechen vu Schued opgewisen hunn. Och d’Gewässer am Land loossen a punkto Qualitéit ze wënschen iwwreg. Den ekologeschen Zoustand huet sech iwwert d’Joren drastesch verschlechtert.

Bei den Déierenaarten da gëtt et eng rout Lëscht mat den Aarten, déi um Ausstierwe sinn. Zu Lëtzebuerg riskéieren 33% vun de Reptilien, 29% vun den Amphibien, 28% vun de Fësch an 30% vun de Villercher ze verschwannen. Zejoert waren 30% vun den Nascht-Villercher vum ausstierwen bedreet. An och bei de Päiperleke riskéieren 26% ze verschwannen.

Analyséiert goufen dann zum Beispill och Déieren oder Planzen, déi net vun hei sinn a sech awer am Grand -Duché néierloossen oder verbreeden an op enger schwaarzer Lëscht stinn. Statistiken ginn et dann och iwwert de Wäschbier. 2014 gouf just op 57% vun den Plazen déi observéiert goufen e Wäschbier gesinn, 2021 waren et schonn 86%.

Donnéeën maachen engem Suergen, sinn awer keng Fatalitéit

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet betount, datt dës Publikatioun e schounungslose Bléck op d’Situatioun werft an engem wuel Suergen mécht. Allerdéngs wieren ënnerschiddlech Mesurë schonn en place, fir Verbesserungen ze erreechen, wéi den nationalen Naturschutzplang, de Bësch -a -Juegddëscht oder de Renaturéierungsdësch. An och weiderer wieren nach an der Maach, fir d’Liewensraim ze schützen an de Biodiversitéitsverloscht ze bekämpfen. D’Publikatioun vum Statec soll iwwerdeems all Joers erauskommen an dann och diskutéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO