D’Ministesch fir Gesondheet a Sécurité sociale Martine Deprez war um Freideg op deem Punkt am RTL-Interview formell. Ënner Schwaarz-Blo géif ee sécher net op de Wee goen, fir d’Leit finanziell um Krankegeld ze bedeelegen, sou wéi virop d’Handwierkerfederatioun et mat Nodrock fuerdert.
D’CSV-Ministesch huet allerdéngs annoncéiert, datt an den nächsten 2-3 Wochen en Aarbechtsgrupp geschaf soll gi mat Vertrieder vun CNS, Contrôle médical, Patronat, Gewerkschaft a Ministère, fir sech dem Problem vum Absenteismus unzehuelen. Mat éischte Konklusioune wier Enn dës Joers ze rechnen, sou d’Ministesch. Op de Contrôle médical personaltechnesch opgestockt muss ginn, géif dovunner ofhänken, wat bei den Diskussiounen eraus kënnt.
D’Martine Deprez huet am RTL-Interview drop verwisen, et kéint een och méi präventiv géint den Absenteismus virgoen. Leit, déi sech op der Aarbecht wuel fillen, géife manner feelen. Donieft misst een och kucken, wéi ee Kranker nees méi séier an d’Aarbecht zréckkritt.
Dës Woch hat d’Gesondheetskeess op en Neits matgedeelt, datt Krankeschäiner, déi um Internet bei fiktiven Doktere bestallt ginn, net acceptéiert ginn an d’Leit, déi dat maachen, och mat Amenden ze rechnen hätten. Eng reegelrecht schwaarz Lëscht vun Dokteren, déi Gefällegkeetskrankeschäiner ausstelle géifen, hätt een am Ministère net, sou d’Martine Deprez. Hei misste vill méi Collège médical an CNS aktiv ginn.
De leschten offizielle Statistike vun der Inspection générale de la sécurité sociale no, louch den Absenteismus 2023 zu Lëtzebuerg bei 4,6%. 2014 waren et 3,7%. Eng Progressioun vu 40% zanter der Coronapandemie, sou wéi d’Patronat et ëmmer rëm behaapt, geet aus deene Chifferen net ervir. D’Erklärung ass déi, datt d’Patrone sech net op déi offiziell Statistiken, mä op eng intern Ëmfro baséieren, déi d’UEL zejoert gemaach huet.
D’Ressortministesch konnt och net confirméieren, datt méindes dräimol a freides zweemol sou vill Leit wéi normal feele géifen. Sou wéi et de President vun der Handwierkerfederatioun a senger Neijoerschried dës Woch nach behaapt huet. D’Gesondheetskeess wier awer amgaang genee ze kucken, wéini a wéi d’Leit feelen. Et géif een elo scho gesinn, datt besonnesch déi kuerz Krankeschäiner zougeholl hunn an tendenziell effektiv méi Leit méindes feelen.
D’Doktere selwer da schénge sech awer och ëmmer méi der Problematik vu Gefällegkeetscertificate bewosst ze sinn. Et géife leider ëmmer méi Medezinner dem Drock noginn. D’Zuel vun de Gefällegkeetscertificate géif ouni Zweiwel zouhuelen, huet de Collège médical zejoert am Mäerz schonn an enger Newsletter un hir Membere geschriwwen. Duerfir hätt een decidéiert, fir d’Certificate méi ze kontrolléieren a wann et muss sinn och ze sanktionéieren.
RTL-News: Absenteismus op der Aarbecht: Zuele vu Patronat a Ministèrë leien auserneen