
Géint 8 Auer war am Trafic-Info ze liesen, dass et op der A6 a Richtung Arel en Accident um Gaasperecher Kräiz gëtt, méi genee ënnert der Tramsbréck. Rieds war vun op d’mannst 5 Gefierer, déi an deen Accident verwéckelt waren. Zwou Spuere ware blockéiert an den Trafic ass iwwert d’Opfaartsspuer gelaf. Bis zu 6 Kilometer Stau goufe gemellt, dee sech ënnert anerem och op d’A3 gezunn hat.
Kuerz no 9 Auer koum Entwarnung, den Accident wier geraumt.