
D'Kris bei Volkswagen verschäerft sech. Am drëtte Quartal mécht den Autoshiersteller e Verloscht vu 5,82 Milliarden Euro, dat huet VW an Donneschdeg matgedeelt. Dat ass fënnef emol esou vill, wéi am selwechten Zäitraum dat lescht Joer. Do louch de Verloscht bei 1,07 Milliarden Euro. Den Ëmsaz am drëtte Quartal 2026 ass am Verglach mam leschte Joer ëm 6,3 Prozent op 75,3 Milliarden zeréckgaangen. Dat erkläert sech wuel och duerch d'Baisse vum Verkaf vun den Autoen. Am drëtte Quartal 2025 waren dat der nach 2,2 Milliounen am Verglach mat 1,88 Millioune am selwechten Zäitraum dëst Joer.
An den éischten néng Méint vun dësem Joer ass de Gewënn virun Zënsen a Steiere vu 5,4 Milliarden Euro op grad emol eppes iwwer 100 Milliounen Euro zeréckgaangen, esou Volkswagen en Donneschdeg. Dës Resultater weisen däitlech: "Mir dierfe keng Zäit verléieren a musse séier an decisiv handelen", esou de Finanzchef Arno Antlitz.
Hien huet op d'Zukunftspläng vu VW verwisen, de sougenannte Spuerplang, mat deem Volkswagen ronn 31 Milliarden Euro Käschten aspuere wëll. Den Opsiichtsrot hat Ufank September decidéiert, an den nächste Joren op der ganzer Welt ronn 50.000 Aarbechtsplazen ze sträichen, dat zousätzlech zu deene 50.000 Plazen, bei deenen d'Decisioun scho getraff gouf, datt se ewechfalen. Weider kéinten tëscht 2031 an 2034 eleng an Däitschland véier Wierker hir Dieren zoumaachen.