
D’LSAP proposéiert wéinst der Hausse vun den Energiepräisser, datt d’Regierung sech um “Crédit d’impôt énergie” soll inspiréieren, deen 2023 nom russeschen Ugrëffskrich agefouert gouf.
Donieft fuerdere se eng sougenannten “Iwwergewënnsteier” am Energiesecteur a méi Investitiounen an den Ausbau vun den erneierbaren Energien, fir manner ofhängeg vu fossillen Energien ze sinn.