
Dem Verwaltungsgeriicht no ass de Verbuet vum Herbizid Glyphosat net rechtméisseg. Dat hunn um Donneschdeg d’Kolleege vum 100,7 als éischt gemellt. D’Urteel war an éischter Instanz. D’Regierung huet am Conseil leschte Freiden decidéiert an Appell ze goen.
Ausgangspunkt war d’Decisioun vun der Regierung de Glyphosat, mat Produite wéi RoundUp ze verbidden, mat als Konsequenz, dass de Chimieskonzern Bayer ee Recours géint déi Decisioun agereecht huet. U sech sinn iwwer eng hallef Dose Produiten, déi Glyphosat enthalen, zënter ronn annerhallwem Joer verbueden. Fir Bayer hätt Lëtzebuerg eleng keng esou Decisioun vum Verbidden ze huelen. Dat wier d’Saach vun der europäescher Unioun.
Wat elo wéi eng Hiobsnouvelle kléngt ass um Enn awer keng, seet de Meris Šehović, de Co-President vun de Gréngen.
Meris Šehović:“Esou laang déi juristesch Prozedur leeft, bleift de Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Dat ass och kee Probleem fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft. De Verbuet huet ee Succès, well mir Haut schonn an der Situatioun sinn, dass zu Lëtzebuerg 100% vun de Baueren a Wënzer op Glyphosat verzichten”.
D’Bauere sinn op alle Fall heiheem mat op de richtege Wee gaangen, mengen se bei de Gréngen.
Meris Šehović:“Zu Lëtzebuerg hu mer eng gutt Situatioun. 100% vun de Betriber benotzen de Glyphosat net méi an d’Echoen aus dem Secteur sinn och positiv, esou dass ee kann optimistesch sinn, dass een an Europa a weltwäit op dee gëftegen Herbizid ka verzichten”.