
Wéi de Gesondheetsministère matdeelt, mussen wichteg Aarbechten an der Maison médicale an der Stad duerchgefouert ginn, dowéinst ass dëse den 11. an 12. Juli och net fir de Public accessibel. Persounen, déi iwwert de Weekend en Generalist brauchen, sollen op de Belval oder op Ettelbréck auswäichen. All déi wichteg Informatiounen zu de medezineschen Haiser fannt der um Site Santésecu.