
De Michel Wolter trëtt als Buergermeeschter zeréck. Dat huet hien e Méindegmoien nom Vott vum Käerjenger Gemengebudget fir dat nächst Joer matgedeelt.
D’CSV proposéiert dann d’Nadine Braconnier, als nei Buergermeeschtesch, déi an de Käerjenger Gemengerot noréckelt. Si géif direkt Buergermeeschtesch, well den Zweetgewielten op der CSV-Lëscht bei de Gemengewalen 2023 Frank Pirotte verzicht. Hie bleift awer bis Hierscht 2027 am Schäfferot. Domat wéilt d’CSV de Generatiounswiessel preparéieren.
D’Entscheedung wier net einfach gewiescht, esou en emotionale Michel Wolter no der Reunioun: “Déi Gemeng hei ass zanter 16 Joer mäi Bëbee. An an deem Sënn ass et natierlech ëmmer schwéier lasszeloossen. Mee ech weess awer, datt déi Leit, déi elo kommen, an déi Leit, déi bleiwen, datt déi déi Gemeng wäerte weiderféieren. Mir kënne ganz houfreg sinn, op dat wat mer an eiser Gemeng gemaach hunn.”
D’Kand bleift awer an der Famill. D’Nadine Braconnier ass dem Michel Wolter seng Fra a war 2023 nom Frank Pirotte Nächstgewielt. Houfreg ass de Michel Wolter ganz konkret dorop, wéi d’Gemeng hir Finanze geréiert. Mee ënnert anerem och, wéi wäit se bei de Klimaziler komm wier. Käerjeng plangt, datt säin neit Gemengenhaus dat éischt ëffentlecht Gebai ouni Heizung zu Lëtzebuerg gëtt. An Zesummenaarbecht mat Sudenergie a Soler sollen ausserdeem eng Partie Wandkraaftwierker gebaut ginn.* D’Gemeng géif och konsequent de Landverbrauch niddreg halen. De Michel Wolter ass an deem Kontext och houfereg op d’schoulesch Infrastruktur, déi d’Gemeng an deene leschte Jore gebaut huet an nach baut. Si kéint zwee Drëttel vun de Schoulkanner eng Plaz an enger Maison relais ubidden; dat géif sech weise loossen.
D’Gemeng Käerjeng baut den Ament un enger drëtter Flüchtlingsstruktur, wann déi fäerdeg ass, ass Plaz fir 250 Flüchtlingen: “Domat leie mer wäit iwwert der Moyenne, ouni datt dir jee dobaussen eppes iwwert eis Gemeng héieren hutt.”
De Michel Wolter ass och houfreg op d’Verkéierskonzept, datt de Moment an den Uertschafte vun der Gemeng ëmgesat gëtt. An op d’Fusioun mat der Gemeng Kënzeg 2012: “D’Leit mengen, dat wier esou schrecklech komplizéiert. Dat ass guer net esou komplizéiert. Dat muss ee just wëllen. Wann een dat wëll, da geschitt dat och. Et muss een de Leit et just explizéieren. An mir hunn do fantastesch Resultater bei eis an der Gemeng.”
Hien hätt ëmmer Politik net fir muer, mee och fir “iwwermuer” gemaach, esou de Michel Wolter, deen zanter 2010 Buergermeeschter ass: “Ech hat d’Chance, an dat erkläert vläicht d’Emotiounen, datt ech hei um Niveau vu menger Gemeng alles konnt realiséieren, un dat ech als Innenminister an als Landesplanungsminister gegleeft hunn.”
De Michel Wolter war vun 1995 bis 2004 Minister fir den Interieur. Säi Mandat als CSV-Deputéierten an der Chamber wëll hie viraussiichtlech bis zum Enn vun der Legislatur fäerdeg maachen.
*Dësen Artikel gouf korrigéiert. An enger éischter Versioun stoung, d’Wandmille géife mat Südstroum a Soler gebaut ginn.